Asylantekanner sinn eng Gefor fir Lëtzebuerg

Ween hätt geduecht dass d’Regierung eis esou verréit, onse Rechtsstaat probéiert esou auszehiewen, ouni ze kucke wat mir dervun halen. Et geet hei em déi sougenannten Asylantekanner.

Et ass erschreckend wat déi mat onsem schéine Land maachen, se dréien alles ob d’Kopp! Deen een Dag huet et geheescht dass mer Kanner tëschent 14 an 18 Joer géifen ob Lëtzebuerg kréien, deen aneren Dag gi posts vun der AFD iwwer Lëtzebuerg verbreet wou behaapt gëtt dat wier esou ni gesot ginn. Hat ech Chance a sinn dem Memoirsverloscht entgaangen deen ons Regierung an d’Drénkwaasser gemaach huet? Wei kann de Staat nëmmen der Rietser Ideologie esou an d’Hänn spillen?

Firwat nëmmen Jongen tëschent 14-18 Joer?

Ganz einfach, déi si kräfteg genuch fir Waffen ze droen, a sinn der Sprooch gutt genuch mächteg fir kennen Uerderen auszeféieren an als Kannerzaldoten agesat ze ginn. Aus dem selwechte Grond sinn et just Jongen. D’Eltere schécken si fort dass si net zu Kanounefudder ginn a well si dohannen der stereotypescher Opfaassung sinn dass Jongen éischter eng Aarbecht fanne fir hier Familljen ze ënnerstëtzen. Do wou se hierkomme gëtt et bal keng Aarbecht an vun eis heescht et et géing genuch Aarbecht ginn.

Wat ass mam „ACAB“-Pullover?

Warscheinlech huet een Ex-Punker deen an d’Kleedersammlung ginn. Ganz éierlech déi meescht wosste mol net wat dat deemools bedeit huet bis dass et vun ADRidioten ronderëm verzielt gouf. Grad an deene Länner wou sou wéineg Leit englesch kenne sollen déi sou eppes express undoen… Also et hätt keen dorop gelaut wann d’ADRidioten net no Saache géinge siche fir hire kënschtlechen Haass kënschtlech nach méi opzebauen.

Wouhier hunn se de Mondschutz?

Si kruten een ob de Kapp, mir kréien der 5. All Persoun déi a Behandlung kennt an enger Klinik oder Centre de soins, kritt och eng Mask. WHAT’S YOUR POINT?

Dat kascht de Bierger erëm Steiergelder

Bis elo ass nach ni duerch Opnam vu Leit a Nout de Steiersaz eropgaangen, genausou wéineg duerch déi momentan Kris. Am Géigendeel, profitéiere mer elo alleguerten dervunner wat mer virdrunner abezuelt hunn. (Wann och nach net ganz am Equiliber)

Also, haalt ären dreckege Faschismus fir iech! Zu gudder Lescht zitéieren ech d’RAD-Säit: