Dan Kersch, du bass e Mäerder!

De Leit hire Wëlle fir ze Liewen hues du geholl, an nëmmen deng eegen Interesse, gesteiert duerch Lobbyismus, vertrëts du! oder ass et dir? Mir egal Dan ech sinn der Opfaassung dass du um längsten Hiewel setz heibäi.

Leit hunn Angscht em hier Existenz, an dozou gehéieren net just Ugestallte vu Multimilliounenentreprisen, déi scho virun der Kris Ënnerstëtzung vum Staat kruten, mee och Independanten a Start-ups, déi wou e Marché wollten opbauen a Lëtzebuerg zu engem Exportmeeschter maache géingen. An dat brauche mer dréngend no der Kris! Du bass wierklech top dran, nëmme fir déi eppes ze maache wous du scheinbar selwer eppes dervunner hues. An dat als Ex-Kommunist?

Ex-Kommunist?

Jo den Dan Kersch war bis 1991 bei der KPL. Scheinbar war et him trotzdeem net wichteg dass jiddereen eng Aarbecht kritt, well elo hu mer eng Aarbechtslosequote vun 6,1%. Also ongeféier 37’820 Leit hei zu Lëtzebuerg hu keng Aarbecht. An et klemmt vu Joer zu Joer. Vun deene ginn der och ganz vill am Stach gelooss, mee dozou gläich méi. Am Vergläich zu Däitschland déi jo zanter laangem um meckere sinn hier Quote wier ze héich, si hunn nëmmen 3,2% (Stand Februar 2020). Dat wier ob d’Awunnerzuel vu Lëtzebuerg 19’840 Leit.

Mee Wat huet den Aarbechtsminister mat Aarbechtsloser ze dinn?

Aarbecht fänkt beim Sichen un. Ween keng fënnt ass an de meeschte Fäll net Schold. Déi Leit goufen einfach net agestallt. Dofir ass et un him ze kucken dass déi Leit opgefaange ginn an d’Patrone gewollt ginn se éischter anzestellen.

A firwat ass hien elo e Mäerder?

Well en Leit duerch d’Raster fale léisst. Enner anerem funktionéiert et grad absolut net ënnert senger Féierung, Independanten a Start-ups wärend der Kris ze ënnerstëtzen. Och ginn et lauter Lächer beim Chômage. Iwwer 25 an ënner 30 gëtt et einfach mol keen, a wann ee Päsch huet kritt een och kee Revis. Allez-hëpp!; op d’Strooss mat iech! An fir ze Iesse gëtt et och Näischt.

Mee da so et him dach!

No senger eegener Ausso, géing hie jo op Froen äntweren, mee genau esou hunn DP’ler dat versprach an hirem Livestream. Et kennt einfach keng Äntwert an et gëtt dann einfach an der Chamber net ugeschwat. Dann soll een och keng sou Versprieche maachen. Als „Liberal-Sozialist“, sollt ee villäicht méi op d’Leit wei op Lobbyiste lauschteren. 😉

A wat ass deng Iddi?

Dat wat een éischter vun engem „Liberal-Sozialist“ géing erwaarden, an elo haalt iech all gutt fest, hei kennt dat béist Wuert: Bedéngungsloost Grondakommes. Domadder kéint jiddereen sech méi engagéieren, hätt jiddereen déi selwecht Chancen, a misst keng Angscht méi hunn ze verhongeren. Dëst Thema gouf elo laang genuch beschwat an ënnert den Dësch gekiert. Dofir nëmme ganz kuerz:

  • Entlaaschtung vum Patron duerch e méi klenge Mindestloun, well en Deel jo vum Staat iwwerholl gëtt
    • E kann dann och méi Leit fir dat selwecht Geld astellen
      • Manner Aarbechtslosegkeet
  • Leit sollen hiert Kënnen erweideren an notzen, mee net de Sue nolafe mussen
    • Méiglechkeet sech selwer ze verwierklechen egal aus wei enger Gesellschaftsschicht
  • Et fërdert méi sozial Projeten a mëscht Leit méi glécklech, duerch e méi héijen sozialen Drang
  • Keen muss méi Honger leiden
  • Jiddereen = Jidder *fucking* een
    • Also och den „Robert Sans-Abris“
      • Esou kréie mer se éischter eraus
  • Dem Motto „Keen am Stach loossen“ mol nokommen

Also Dan, genuch gesabbelt elo muss geschafft ginn. D’Kris iwwersti mer net wann de Staat net gewollt ass ons ënnert d’Äerm ze gräifen. Der Däiwel elo wier et dach och e super Experiment op nationalem Niveau, et géing souguer all d’Problemer zesumme léisen amplaz dass se ongerecht a vereenzelt misste geléist ginn. An du faule Minister misst souguer nach manner maachen, an hues awer deng Aarbecht gemaach. Derbäi elo nach dat beschten: da wiers du jo awer kee Mäerder. 😉 Et ass däi Choix Dan, wei wëlls du an d’Geschicht agoen?