Du bass kriminell

Jo esou gesäit et aus, du, deng Famill an all deng Frënn si kriminell! Lo stell dech net esou. Jiddereen ass einfach kriminell. Du weess nach ëmmer net vu wat ech hei schreiwen? Dat läit dorunner datt d’EU esou transparent ass datt een nees net gesäit wat si gemaach hunn.

Ënnert dem Deckmantel vum Jugendschutz hätt d’EU gären Chatkontrollen erlaabt, déi allerdéngs vun den Entreprisen duerchgefouert ginn, wou bekannt sinn dofir datt si gären Daten sammelen a verkafen. Net verwonnerlech also datt vill Entreprisen sech an déi selwecht Better leeën vu sou munchen EU-Deputéierten. D’loblescht Zil de Kannermëssbrauch ze ënnerbannen soll also duerch d’Stäerkung vum Datenhandel an dem Generalverdacht bekämpft ginn. Soumat ass einfach mol jiddereen deen op Facebook, Threads, Instagram, Discord, Whatsapp, a.s.w. post an chat, potenziell e Kriminellen.

Nach besser ass et wann ee bedenkt datt et bis ewell absolut keng Donnéeën doriwwer gëtt datt des Chatkontrollen eppes bréngen. Besonnesch wann hautdesdaags jiddereen seng eege Messagerie ka verschlësselen, an dat effektiv esou datt och dee beschten Computerforensiker et net geknackt kritt. #PGP/GPG
Et ass wéi wann d’Deputéiert mengen datt den Drogendealer sech net an der däischterer Gaass bei der Gare oder zu Bouneweg am Park verstoppe géing mee vun Haus zu Haus géif goen, wei deemools d’Staubsaugerverkeefer. A fir sécher ze goen datt een ee ka pëtzen, gëtt dann einfach emol jiddereen verdächtegt. Jiddereen ass dann als eicht mol kriminell.

Meenungsfräiheet steet als nächst um Spill, well soubal d’Schlass opgespaart ass muss een just nach duerch d’Dier goen an dann gëtt d’Meenung vun de Leit kontrolléiert.

Nach ass awer net déi ganz Hoffnung verluer an den Discours geet weider. Mee wat wichteg ass, ass sech net vum Deckmantel blenden ze loossen, Jugendschutz geet och ouni jiddereen ënner Generalverdacht ze stellen.